text
stringlengths
11
126
label
stringlengths
1
27
class
int64
0
1
Duerch d'Fiichtegkeet ass no an no de Botz vun der Mauer gebréckelt.
Beworf
1
Wann s de fiers, muss de d'Versécherung vun dengem Auto ëmmer bei der hunn.
Assurance
1
Dat heite mécht d'Affär.
Geschicht
1
Wéinst enger Deformatioun vun der Wirbelsail huet hie stänneg de Réck wéi.
Zuschauerin
0
Den Zuch ass mat voller Vitess entgleist.
Code-barres
0
Du hues de Choix tëschent dräi Alternativen.
Louderei
0
Ech kéint vu mueres bis owes Jazzmusek lauschteren!
Contraire
0
Ech hu mer en Hutt aus groem Feuter kaaft.
Filz
1
An deene schwéieren Zäite war mäi Psycholog eng grouss Stäip fir mech.
Megalomanie
0
Der Bibel no huet Gott d'Welt a sechs Deeg erschafen.
Herrgott
1
Deen ale Knadderer huet un allem eppes auszesetzen.
Reproduktiounswäert
0
Dee kritt d'Schnëss net zou!
Gielwuerzel
0
Vill kleng Epicerië gi vun de grousse Chaînen iwwerholl.
Spriecherin
0
D'Exploitatioun vun der Minière ass net méi rentabel.
Grouf
1
Déi passionéiert Motorradfuererin huet eng ganz Kollektioun vu Motorrieder.
Krack
0
Vill Frae kréie beim Accouchement en Dammschnatt gemaach, fir en Dammrass ze verhënneren.
Episiotomie
1
Als Presentateur muss een neutral bleiwen.
Mutilatioun
0
Meng Mamm huet Stréckeisen an allen Déckten.
Strécknol
1
Et gëtt ëmmer erëm betount, datt e Burnout jidderee kann treffen.
Procuratioun
0
Looss der e Reçu ginn, wann s de boer bezils!
Quittance
1
Wat steet op deem Dräiecksschëld dohannen?
Dräieck
1
Ech hunn d'Klatz wéi.
Zirkus
0
Kuck emol am Televisiounsprogramm, ob den Owend kee schéine Film kënnt!
Quëtsch
0
Eise Jéngste war scho mat 18 Joer Titulaire an der Härenekipp.
Stammspiller
1
Vun elauter Verwonnerung blouf dem Jong de Mond opstoen.
Erstaunen
1
De Gemengebudget gouf mat fënnef Jostëmmen, dräi Neestëmmen an enger Enthalung ugeholl.
Perikarditt
0
D'Kand huet eng Bless um Aarm, well et gefall ass.
Schréips
1
Am Ufank vum 20. Joerhonnert hu vill jonk Meedercher zu Paräis als Bonne geschafft.
Titchen
0
Huet sech schonn en Interessent fir déi fräi Plaz fonnt?
Amateur
1
Ech lauschteren am léifste Punk.
Fluch
0
Iwwer de Weekend gouf et eng ganz Serie Abréch am Land.
Paltongszéierei
0
Den amerikanesche President kann nëmmen zwou Amtszäite laang bleiwen.
Mandat
1
D'Besëtzerin vum Haus huet gréisser Reparaturen ugekënnegt.
Parkplaz
0
D'Hyperthyreos ass eng krankhaft Iwwerfunktioun vun der Schilddrüs.
Glaukom
0
Wat bass du en Hännes!
Impressioun
0
De Musikant huet e puer flott Melodien op senger Quëtsch gespillt.
Mësserfolleg
0
Ëm wéi vill Auer iesst dir gewéinlech zu Moien?
Beräich
0
Et wier méi einfach fir eise Betrib, wa mer bei der Verwaltung een eenzegen Interlocuteur hätten.
Rettungsrank
0
Eis Nopesch, déi al Quetsch, läit éiweg op der Fënster fir ze afen!
Porrett
1
Et ass an dengem Interessi, deng Schoul fäerdeg ze maachen.
Interêt
1
De Fierschter huet jonk Maasselter planze gelooss.
Ahorn
1
Ech sinn dëse Weekend op zwee Gebuertsdeeg invitéiert.
Bestëmmung
0
De Keeleclub invitéiert all seng Memberen op d'Assemblée générale.
Weenchen
0
Mir hunn den Owend Hierke fir d'Nuechtiessen.
Limett
0
Den Hermelin ass am Summer gréisstendeels am Dag an am Wanter an der Nuecht aktiv.
Grousst Wisel
1
Eng ongesond Alimentatioun mécht déck a schuet dem Organismus.
Kontroller
0
Wat bass du en Eefalt!
Violonist
0
Eist Klengt moolt am léifste mat Stëfter.
Hauch
0
De Spriecher vun der Gewerkschaft huet e Streik ugekënnegt.
Secteur
0
Ech krut eng Sechs an der Prüfung.
Wäisskapp
0
An der Säitestrooss sinn nach e puer Parkplaze fräi.
Bakuewen
0
Dir hutt iech net un är Engagementer gehalen!
Verflichtung
1
Et feelt eng Grëtz Paprika an dengem Gulasch!
Aggressioun
0
Den ale Mann ass un enger Attack gestuerwen.
Wisechampignon
0
Hannerem Gaardenhaische facht et no Schäiss!
Liichtegkeet
0
Mir hu wëlles, géint d'Urteel vum Tribunal an Appell ze goen.
Geriicht
1
Schlof roueg weider, dat war just en ellenen Dram!
Kontaktspär
0
Op der Party ass eng flott Ambiance.
Stëmmung
1
Eise Konzern plangt fir d'nächst Joer Investissementer an der Héicht vun 250 Milliounen Euro.
Investitioun
1
Am Exame mussen d'Studenten ënner anerem Sazkonstruktiounen analyséieren.
Sazbau
1
Ech muss mäi Kostüm virun der Hochzäit nach onbedéngt an d'Botz droen!
Botzerei
1
Bopi, ziel eis nach eng Seechen!
So
1
D'nächst Woch mécht mäi Mann dräi Nuetsschichten.
Néng
0
Duerch dëst Investissement hues de e steierlechen Avantage.
Entretien
0
De Garagist huet mam Client Récksprooch geholl, éier en dat deiert Ersatzstéck bestallt huet.
sech ofschwätzen
1
D'Doudelued gouf an d'Graf erofgelooss.
Sarg
1
D'Kandidatin steet hirer Géigespillerin an engem Duell géintiwwer.
Adversaire
1
D'Sportlerin huet sech fir d'Meeschterschaft qualifizéiert.
Championnat
1
D'Hänn ze wäschen, ass op ville Plazen eng obligatoresch Hygiènesmoossnam.
Hygiènesmesure
1
Mam Passwuert huet een Accès op verschidden elektronesch Dictionnairen.
Zougang
1
D'Déckkappsminn gëtt wéinst deene ville Sprenzen net méi vill giess.
Immigrant
0
Dee Mënsch huet eng Ausstralung, där kee widderstoe kann.
Kampfleefer
0
De Kanner hir Kummere ginn an der Vakanz frëschgemaach.
Lautstäerkt
0
Mäi Papp huet eng Rief bei d'Pergola geplanzt.
Orthodontist
0
Fir d'Kanner ass et eng Qual, esou laang musse roueg sëtzen ze bleiwen.
Tortur
1
Ech hunn e Gediechtnes ewéi eng Seibecken!
Verhalt
1
De Pyjama strämmt eng Iddi iwwer dem Bauch.
eng Grimmel
1
Well ech als Kand Speechelen hat, hunn déi aner Kanner de Geck mat mer gemaach.
Monster
0
Du brauchs dach net fir all Schissi esou eng opzeféieren!
Nopeschbouf
0
Ech gesinn et als Prophylax, meng Zänn reegelméisseg kontrolléieren ze loossen.
Virbeugung
1
D'Waasser ass esou kloer, datt ee bis op de Buedem gesäit.
Fong
1
Mäin neien Drécker ass net kompatibel mat mengem Computer.
Printer
1
Tëschent deene Mordfäll gëtt et kee Rapport.
Verbindung
1
Mäi Monni huet eng grouss Kollektioun al Placken.
Sëtzung
0
Wéini gëtt de Staatsrot säin Avis iwwer dat neit Gesetz?
Conseil d'État
1
D'Joffer huet de Kanner erkläert, wéi een d'Fläch vun engem Dräieck rechent.
Dreckseemer
0
Dat Kand huet e gudde Charakter.
Demandeur d'asile
0
Seng Drogenofhängegkeet ass eng Belaaschtung fir d'ganz Famill.
Drogesucht
1
De Sondagen no misst eis Partei bei den nächste Wale mat héije Pertë rechnen.
Abouss
1
Haut gëtt weltwäit un d'Victimme vu Krich a Gewalt geduecht.
Affer
1
Am Test däerfen d'Schüler just e Bläistëft an e Lineal op der Bänk leien hunn.
Kläpp
0
De Kandidat probéiert, seng politesch Géigespiller ze diskreditéieren.
Adversaire
1
Dee Quatschkapp soll emol de Mond halen, amplaz stänneg dee Kabes do ze verzapen!
Braddeler
1
Den Accès fir d'Rettungsdéngschter däerf net blockéiert ginn.
Zoufaart
1
Verschiddene Persoune gouf den Zougang zum Club verwiert.
Gläichgewiicht
0
D'Regierung huet en Appell un d'Populatioun gemaach, fir d'Drénkwaasser ze spueren.
Defenseur
0
Mëll Bläistëfter muss een dacks spëtzen.
Crayong
1
D'Krällebiere sinn zeideg.
Airelle
1
E Bekannte vun eis ass President vum Fëscherclub.
Dichterin
0
Hanner dem Komma feelt e Sputt.
Géigespillerin
0